What's new

Nei topographesch Kaart

Screen Shot 02-08-21 at 03.39 PM (Small).PNG Screen Shot 02-08-21 at 03.39 PM 001 (Small).PNG

Wéi bei der Stroossekaart am Joer 2020 hunn mir déi topographesch Hannergrondkaarte fir Lëtzebuerg an Ëmgéigend aktualiséiert, andeems mir d’Vector Tiles Technologie benotzen.

Dëst erméiglecht et een eenheetleche Stil an alle Moossstief ze hunn an d’Kaarte vun elo un all Woch ze aktualiséieren. Dir hutt ausserdeem d’Méiglechkeet, Är eegen topographesch Kaart ze definéieren andeems Dir Informatiounskategorië wéi Transportaxen, Stroumleitungen, Relief, Héichteninformatiounen, Vegetatioun oder esouguer d’Nomenklatur aktivéiert oder desaktivéiert.

Des Astellunge bleiwen an Ärem Browser gespäichert. Wann Dir ageloggt sidd, ginn d’Informatiounen an Äre Profil gelueden, esou datt Dir se beim aloggen op engem anere Computer erëm benotze kënnt.

Natierlech kënnen d’Astellungen och genotzt ginn, fir benotzerdefinéiert Hannergrondkaarten ze erstellen an déi an der eegener Websäit ze integréieren.

D’Uweise vu Vector Tiles hëlt manner Bandbreet an Usproch wéi déi al Hannergrondkaart a gëtt genau esou flësseg a schaarf ugewisen.

Sichfunktioun mat Filter

Screen Shot 01-27-21 at 11.28 AM.PNG

Vun elo un ass et méiglech Themen auszewielen, op déi sech d’Sich soll beschränken. De Filter kann aktivéiert ginn, andeems een op d’Symbol riets am Sichfeld klickt.

Dir kennt d’Säite vun der staatescher Geoportal-Säit, esou wéi Layeren an- oder ausschalten an d’Sich op bestëmmten Theme wéi beispillsweis Adressen oder Kadasterparzelle beschränken.

Am erweiderte Modus kënnt Dir an den aktuell aktivéierte Layere sichen, z.B. no Nimm vun de Bushaltestellen oder no Wanderweeër.

Wann Dir zum Beispill no enger Bushaltestell sicht:

Aktivéiert de Layer mat de Bushaltestellen a gitt den Numm vun der Haltestell an.

Ausserdeem hutt Dir d’Méiglechkeet nëmme Resultater unzeweisen, déi sech an der aktueller Kaartenusicht (an net am ganze Land) befannen.

3D-Modell

Screen Shot 01-27-21 at 03.02 PM 002 (Small).PNG Screen Shot 01-27-21 at 03.02 PM 001 (Small).PNG

Op Grondlag vun de Loftbiller vum Wanter 2019 huet de Kadaster een 3D Modell vu Lëtzebuerg berechne gelooss. An der 3D Vue am Geoportail ass e spezielle Modus bäigesat ginn, mat deem dësen neie Modell ugewise ka ginn. Et ass eng éischt Versioun vun dësem Modell mat enger mëttelméisseger Genauegkeet, besonnesch a Bezuch op d’Fassaden. Déi nei Loftopname vun 2020 wäerten et erméiglechen an Zukunft nach ee méi präzise Modell ze publizéieren. Fir den 3D Modell unzeweise braucht Dir eng Grafikkaart an een zimlech leeschtungsstaarke Computer.

Maquette


Eeler Publikatiounen

Background switcher

Den Auswielmenü fir den Hannergrondlayer gouf duerch een Selektiounsikon ersat an no riets geréckelt. Den aktuell aktive Hannergrondlayer gëtt vun engem klenge roude Quadrat ronderëm d'Bild ervirgehuewen.



Screen Shot 10-07-20 at 12.30 PM.PNG

Et ass elo och méiglech d'Metadaten an d'Legend vun dem aktuellen aktiven Hannergrondlayer iwwer d'Meng Layer Sektioun ze gesinn. Hei kënnt Dir de Layer ënnert Äre ausgewielte Layeren erëmfannen an et ass méiglech d'Legend an d'Metadaten unzeweisen andeems Dir op den "I" niewent dem Numm vum Layer klicktScreen Shot 10-07-20 at 12.32 PM.PNG

Tipp: dëst gëllt och fir all anere Layer, souwuel fir schonn ausgewielte Layeren wei och am Katalog.

Vektorstil deelen

Mat der Aféierung vu Vectortiles hu mir d'Méiglechkeet agefouert Ären eegene kartographesche Stil fir d '"Stroossekaart" ze kreéieren. Et war awer net méiglech dësen Stil einfach mat aneren Persounen ze deelen.

Mat eiser rezenter Ännerung ass et elo méiglech dësen iwwer d‘URL ze deelen. Ännert d'Kaart wéi Dir wëllt an deelt Äre Kaartstil mat wien Dir wëllt.

D'Exportfunktiounen vun engem Style sinn natierlech weiderhin verfügbar, fir déi Léit déi wënschen se ze benotzen.

Kaarterotatioun

Bis elo huet d’Visualisatioun vun Lëtzebuerg an der Kaart vum Geoportal et nëmmen erlaabt dës an enger Richtung ze gesinn (géinter Norden), mee ab elo kënnt dir d’Kaart awer ob hirer zentraler Achs vum Bildausschnëtt rotéiren.

  • Um Computer geet dëst duerch gedréckt haalen vun der “CTRL” Tast, oder respektiv der “CMD” Taste op engem Mac, an engem simplen Mausklick vun der lénker Tast an der Kaart ausgeléist
  • Um Handy, andeems Dir 2 Fanger gläichzäiteg an enger Rotatiounsbeweegung um Bildschierm dréint

Screen Shot 10-07-20 at 01.17 PM.PNG

De Feil ob der Säit weist Iech zu all Moment Nordrichtung vum Land un, an erlaabt Iech duerch e simpelen Klick d’Kaart an hier ursprénglech Positioun zréckzebréngen. D’Labelen an der Kaart selwer bleiwen horizontal ausgeriicht, domadder dës gutt lieserlech bleiwen.

Wann Dir wënscht d’Kaart aus aneren Dimensiounen ze gesinn, da kennt Dir dat mat engem Klick ob den “3D” Ikon maachen.

iFrame

Och wann et schonn säit längerer Zäit méiglech ass de Geoportail an ärem Internetsite anzebauen, sou war duerfir e Virwëssen a Javascript noutwenneg.

An well mir et de Léit sou einfach wëllen maachen de Geoportail ob hirem Site anzebauen, offréieren mir ab elo och eng Integratioun iwwert de Wee vun engem « iframe ».  Dëst erlaabt et einfach d’Konfiguratioun mat den ausgewielten Layeren aus dem Geoportail ze iwwerhuelen an et en ären Site ranzekopéieren.

Screen Shot 10-07-20 at 01.20 PM.PNG

Erstellt Dir är Kaarten an benotzt d’Funktioun vum Deelen fir den iframe-Code kennen ze kopéieren an dësen an ärem Site anzebauen.

Drécken vun Moossen

Drockfunktioun gouf verbessert an beinhalt lo och d’Moossen falls et der ginn.

OBGEPASST : Mir erënneren drun dass dëst keen Geometer nach d’Moossen ob der Platz ersetzen. Och wann dësen Tool vun eis bereetgestallt gëtt an mir eis beméien en ze verbesseren, sou bléiwen des Moossen nëmmen ongeféier.