Geo-Challenge

Geo-Challenge

Hei fannt dir wärend der Schouldoheem Period hei all Dag een Geo-Challenge, deen dir doheem unhand vum http://map.geoportal.lu kënnt léisen.

Vill Spaass dobäi

 


 

Challenge 1 - 23/03/2020

Oplëschtung vun den Dierfer laanscht d‘Uelzecht

 


 

Challenge 2 - 24/03/2020

Sicht wou haut den Institut national de l'Administration Publique ass,

a fannt raus wat 2001 op där Plaz war

 


 

Challenge 3 - 25/03/2020

Wat ass di gréissten an waat déi klengsten Distanz tëscht 2 bestoenden Wandmillen zu Lëtzebuerg?

 


 

Challenge 4 - 26/03/2020

Wéi vill Heiser/Gebaier goufen ët 1778 zu Sandweiler?

 


 

Challenge 5 - 27/03/2020


Op wéi engem Loftbild ass de Centre Commercial um Tossebierg (Belle Etoile) fir d'éischte kéier drop ze gesinn?

 


 

Challenge - 6 30/03/2020

Wéi ass de geneeën Tracé vum Tram um Houwald / op der Cloche d'Or?

 


 

Challenge 7 - 31/03/2020
Zeechen deng eegen Kaart mam Geoportail.lu!

 


Challenge 8 - 01/04/2020
Wéi laang sinn déi zwee Wanderweeër (Autopedestre) zu Veianen?


 

Challenge 9 - 02/04/2020
Wéi vill Stonne schéngt d’Sonn am Haff vun der Abtei Iechternach am Summer? An wéi vill am Wanter?