Challenge-3

Challenge 3 - 25/03/2020

Wat ass di gréissten an waat déi klengsten Distanz tëscht 2 bestoenden Wandmillen zu Lëtzebuerg?

Kategorie

GIS Analyse

Challenge:

windmills-1838788_1920.jpg

 

Um Geoportail.lu kann een op verschidden Platzen entdecken wou zu Lëtzebuerg Wandmillen stinn. Maach dech mol op d’Sich no den Wandmillen an notz eisen Outil fir Distanzen ze moossen fir folgend Froen ze beäntwerten:

  • Wéi eng Wandmillen-Noperen hunn déi gréissten Distanz tëschent sech?
  • Wéi eng Wandmillen-Noperen hunn déi kierzten Distanz tëschent sech?

Du kanns fir deng Analyse souwuel déi "bestoend" (orange) wéi och "autoriséiert" (gréng) Wandmillen notzen.

Kuckt dir mol d'Verdeelung vun den Wandmillen un, hues du eng Iddi firwat déi sou ass?

tutorial_mossen.gif

 

Hint 1 :

Wandmille kann een op dem Loftbild erkennen, et gëtt awer och eng extra Couche mat all de Wandmillen: http://g-o.lu/3/Pyfb

Mat engem Klick op d'Wandmille kritt een och nach zousätzlech Informatioune wéi z.B. elektresch Nennleeschtung (kWh) oder Héicht a Breed vun de Propelleren.

hint_mossen.gif

 

Opléisung :

Och Wandmille passen op de social distancing op, dëst fir dass se sech net géigesäiteg de Wand klauen. Viral Infektioune sinn dohier bei Wandmillen äusserst seelen.

Déi 2 Wandmillen déi sech am nooste stinn fënnt een um Pafebierg bei Mompech. http://g-o.lu/3/Ovaq (ongeféier 100 m), dovunner ass awer 1 nach net gebaut.

Déi gréissten Distanz tëscht 2 Wandmille fënnt een net wäit vun do am Süden. 30,6 km leien tëscht der südlechster Wandmillen um Pafebierg bei Mompech an der Wandmillen um Kräizbierg bei Rëmerschen.

Déi meeschte Wandmille stinn am Norde vum Land. Hei ginn et vill héisch Koppen, op deenen de Wand staark bléist.

https://map.geoportail.lu/theme/emwelt?map_id=77e0bb3d11e447c6ba48847c9ec910ae