Challenge-5

Challenge 5 - 27/03/2020
Op wéi engem Loftbild ass de Centre Commercial um Tossebierg (Belle Etoile) fir d'éischte kéier drop ze gesinn?

Kategorie

Loftbild Recherche

Challenge:

title_bild.JPG

Sou wéi all Foto sinn och Loftbiller schéin Zäit-Zeien. Um Geoportail.lu kann een sech Loftbiller aus verschiddene Joren ukucken. Probéiert mol eraus ze fannen wéini de Centre commercial um Tossebierg (Belle Etoile) déi éischte kéier op engem Loftbild ze erkennen ass.

Hint 1 :

An der Sammlung vun eise Loftbiller ginn et och déi ganz al Loftbiller, déi waren nach schwaarz/wäiss, an et huet ee missen déi eenzel Fotoe selwer kucken. Och schonn déi Zäit haten se eng gutt Opléisung an et kann eenzel Gebaier erkennen, zoom mol gutt erun.

Hint 2:

Klickt op dëse Link fir déi al Loftbiller um Geoportail.lu ugewisen ze kréien.

http://g-o.lu/3/41WL

All grénge Rechteck entsprécht enger eenzeler Foto. Opgepasst et sinn der ganz vill! Fir d’Foto ze kucke muss du op de Rechteck klicken an dann riets op déi entspriechend Foto klicken.

hint_belle_etoile.gif

Opléisung :

Déi richteg Äntwert ass hei 1977. An den Biller vun 1963 ass op der Kräizung um Tossebierg nach net vill lass. Beim nächsten Iwwerfluch 1977 stoung dunn schonn méi do. Dir kënnt iech jo mol op aneren Loftbiller an Orthophotoen ukucken, wéi den Site sech am Laf vun den Joer verännert huet.