Challenge-6

Challenge - 6 30/03/2020

Wéi ass de geneeën Tracé vum Tram um Houwald / op der Cloche d'Or?

 

Kategorie

Topographesch Recherche

Challenge:

title.png

 

Um Geoportail.lu ginn et net nëmme Kaarten oder Biller zu der aktueller Situatioun am Land. Et ginn och Kaarten do kann een an d’Zukunft kucken, also Projeten déi geplangt sinn, awer nach net gebaut goufen. An dëser Challenge muss du dir de Projet vum Tram méi genau ukucken. Kanns du beschreiwe wéi den Tracé vum Tram an der Staat ausgesäit tëscht der Gare an der Cloche d’Or? Laanscht wéi eng Stroossen fiert den Tram op sengem Wee vun der Gare op Cloche d’Or?

Hint 1 :

Grouss Infrastruktur-Projeten aus der Landesplanung ginn an de „plans directeurs sectoriels“ festgehalen. Sou kann een sech schonn een Androck vun der Entwécklung maachen éier den éischte Bagger rullt. Am Thema vun der Landesplanung muss du dir de „plan directeur sectoriel - transport“ ukucken, an do gesäis du ënner anerem de geplangten Tracé vum Tram. Zesumme mat dem hybriden Loftbild, kanns du schnell gesinn iwwert wéi eng Stroossen den Tram wäert fueren.

hint_pds_tram.gif

 

Opléisung :

Vun der Place de la gare, geet et iwwert d’Bréck (route de Thionville) Richtung Bouneweg. Do kräizt en dann d’rue de Houffalize, fir da laanscht Rue d’Orchimont an de Rangwee Richtung Houwald ze fueren. Um Houwald fiert en iwwert d’Rue des Scillas bis bei d’Houwalder Gare. Op der Cloche d’Or fiert den Tram dann iwwert d’Rue Albert Einstein op de Boulevard de Kockelscheuer bis bei den neien Nationale Stadion.

Du kanns dir awer nach weider Projeten ukucken déi an den nächste Joren wäerten realiséiert ginn. Wéi den Tram deen bis op Leideleng fiert oder déi gréisser Gréngzich/Schutzzonen fir ökologesch Reseauen.

Hei de Link fir „plans directeurs sectoriell Transport“: http://g-o.lu/3/hJVf

Hei de Link fir „plans directeurs sectoriell Landschaften“: http://g-o.lu/3/8W8Q